Bicherwoch 2012 - Porte ouverte - Freideg, den 11. a Samschdeg, den 12. Mee

Bicherdeeg

D’Grondschoul vu Stengefort invitéiert op d’Aktivitéite vun der Bicherwoch

Freideg, den 11. Mee (16-19h) an Samschdeg 12. Mee (10-12h an 14-16h) an der Maison Relais zu Stengefort

Um Programm stinn déi zwee Deeg: Liesunge vun de Kanner (just freides), eng Bicherausstellung an e Bicherfloumaart.

Den Erléis ass fir eng Aktioun vun der UNICEF „Des écoles pour l’Afrique“.

Fir den Honger an den Duuscht suergen d’Elterevertrieder vu Stengefort mat enger Kaffisstuff.

Bicherwoch 2012 - Konferenz

Bicherdeeg
D’Grondschoul vu Stengefort invitéiert op d’Aktivitéite vun der Bicherwoch
Konferenz de Mëttwoch, 9. Mee 2012 um 19:30 Auer
„Liesen – Freed an Eescht“
Vum Här an der Madame Guy a Lise Linster  (mat gläichzäiteger mëndlecher Iwwersetzung op Franséisch) an der Maison Relais zu Stengefort. Fräi Entrée
Fir weider Renseignementer : Tel.399 313 311

Bicherwoch 2012 zu Stengefort - de Programm

(download)

Click here to download:
Booklet Flyer Bicherwoch-email.pdf (2.15 MB)
(download)

Cycle 2 - Bicher ABC an Europa - Mir maache mat !

Zu all Buchstaf aus dem Alphabet sichen d'Kanner en Auteur, en Titel, en Haaptpersonnage oder e wichtegen Objet aus engem Buch, am beschten aus villen europäesche Länner.
Dëst ass e Projet vum MENFP.

All d'Klassen aus dem Cycle 2 vun eiser Schoul maache mat!

Bicher-abc

Virliesconcours 2012

Bis zum Enn vum 2. Trimester siche mir am Kader vum Virliesconcours an eise Klasse vum Cycle 4 déi bescht Virlieserinnen Virlieser.
Méi Informatiounen dozou stinn an dem PDF Dokument.

Click here to download:
virliesconcours2012.pdf (1.11 MB)
(download)

den 18. Dezember um Chrëschtmaart

Verpasst dëse Rendez-vous net!

Concert2011

Chrëschtmaart 2011 zu Stengefort op der Gemengeplaz

Och dëst Joer ass eis Schoul erëm mat engem Stand um Chrëschtmaart vertrueden.
Weider Infoen um Site vun der Gemeng http://steinfort.lu/chreschtmaart/

De Programm mat allen Detailer fannt dir hei:

Cm2011_2b

Oder als PDF fir erofzelueden:

Click here to download:
cm2011_2b.pdf (590 KB)
(download)

Réunion d'information "Facebook: All in One" (lundi, le 21 novembre 2011)

(download)

De Stengeforter Schoulbuet 2011/2012

Schoulbuet_11-12

Click here to download:
Schoulbuet_11-12.pdf (2.26 MB)
(download)

Schéi Vakanz - Schöne Ferien - Bonnes vacances - Good holidays - Bom feriado - Buenas vacaciones - Buone vacanze

Dat ganzt Léierpersonal vun der Grondschoul aus der Gemeng Stengefort wënscht all sénge Schülerinnen a Schüler an hire Familljen eng schéin an erhuelsam Vakanz. 

Mir soen iech all villmools Merci fir dat flott Schouljoer an déi gutt Zesummenaarbecht. 
D'Schouljoer 2011/2012 fänkt donneschdes, de 15. September 2011 ëm 8 Auer un. 
Mir freeën eis op iech am neie Schouljoer...

Eise Schülerinnen a Schüler, déi eis Stengeforter Grondschoul elo fir de Lycée verloossen, wënsche mir weiderhin vill Erfolleg a Freed beim Léieren.